Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Iwwer Hattrick

Hattrick huet d'Féierungsroll ënner den Online Fussball-Manager-Spiller - et ass gratis an honnertdausende vu Benotzer aus allen Ecke vun der Welt spille mat.

Bei Hattrick hues du däin eegene Veräin, baus deng Ekipp op, a spills géint aner Matspiller. Du brauchs net vill Zäit ze investéieren, fir ze gewannen - déi richteg Strategie ze hunn ass de Schlëssel.

D'Gréisst an d'Stäerkt vun der Hattrick-Communautéit si legendär. Vergiess net fir eis ganz lieweg Foren ze besichen oder de Räichtum vun den Initiativen ze bewonneren, déi vun eise Benotzer ausginn a sech ronderëm d'Spill dréien, vu lokalen Treffe bis zu flotte Programmer fir d'Hattrick-Liewen ze erliichteren.

Hattrick gouf am Joer 1997 gegrënnt a gehéiert Hattrick Ltd. Als Entwéckler si mer houfreg op eis Traditioun vun der staarker Zesummenaarbecht mat eise Benotzer. Mer sinn dovun iwwerzeegt, datt dat eis gehollef huet, fir dat gréisstent a faszinéierendstent Online Futtballmanager-Spill ze ginn.

 
Server 082